passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Hannert de Kulisse vum Parc merveilleux

30.01.2025

Mir kruten haut e flotten Abléck wat am Beetebuerger Parc an de Wanterméint, wann de Parc fir de Public zou ass, sou alles geschitt.



Déi vill Déiere musse weiderhi gepfleegt a gefiddert ginn. D'Kanner kruten erkläert, wou sech wärend dëser Zäit d‘Déieren ophalen a wéineg Aarbechten ustinn. Si hu gesi wei d‘Kichen ausgesäit a hu geleiert wei d’Deieren am Parc ernäert ginn. Se hu geleiert wéi een Iessplang ausgesäit, wéi d'Iesse virbereet gëtt a wéivill Quantitéite vu Fleesch, Uebst a Geméis musse veraarbecht ginn.

Verschidden Déierenaarte kommen aus Südamerika a mussen dowéinst am Wanter mat extra Wärmelampen gehëtzt ginn, fir dass et hinnen net kal gëtt.

D'Kanner hunn dat ganz spannend fonnt a haten d'Méiglechkeet, vill Froen ze stellen di se och all beäntwert kruten.




» Fotoen