
Reebou-Pavillon: En flotten Beweegung’s Parcours fir d ‘Kanner vum Cycle 1
04.07.2022Den Kanner gouf an eisem flotten Motorik Sall een Parcours ugebueden, duerch deen si sech konnten frei beweegen an Spaass hunn. Si sinn verschidden Statiounen duerchlaf, bei deenen esou wuel hir Fein- an och d’ Grobmotorik gefuerdert goufen
D’ Kanner konnten iwwert Hindernisser sprangen, mat Bäll Keelen ofschéissen, oder einfach sprangen oder kloteren. Et goufen während dem Oflaf verschidden Hindernisser agefouert, wouduerch den Teamgeescht gefuerdert war an d ‘Kanner hu missen no Léisungen sichen.
Well des Aktivitéit de Kanner esou gutt gefall huet gëtt se an Zukunft widderholl an d Kanner wäerten och beim Opbau vum Parcours mat abezunn in.
» Fotoen