Sportshal: Mir maachen Schiedzeechnungen
24.09.2020Mir hunn mat de Kanner Schietzeechnunge vun hirem Portraitprofil gemaach.
Als éischt hunn Kanner ee Spott beim Portier organiséiert an alles fir ze zeechnen an der Sportshal opgebaut: de Spott gouf opgestallt an ee Stull wou een sech ka setze wann opgezeechent gëtt. Kanner hunn sech ofgewiesselt andeems deen ee Konturen nogezeechent huet an den anere roueg um Stull souz an ëmgedréint. Mat engem Bläistëft ass op schwaarzem Pabeier esou den Ëmrëss vu jidderengem sengem Portrait entstanen. Deen gouf duerno ausgeschnidden an opgehaangen.
» Fotoen