passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng: Music is in the air

04.12.2024

An der ganzer Virfreed ob de Kleeschen dierfen d'Kleesecherslidder natirlech net feelen.



D'Martine an d'Aline haten eng flott Musiksaktivitéit gemach wou d'Kanner verschidden Instrumenter konnten kenne léieren an ausprobéieren.

Mat Rësselen, Trommelen a Schellekränz ausgestatt hun d'Kanner monter drop lass musizéiert. An d'Aline an de Mike hun se dobai mat hieren exzelenten Flütekompetenzen ennerstëtzt. D'Martine huet de Toun uginn a lass gung et mam Léiwe-Kleeschen-Kammergejammer". D'Aline huet d'Kanner geluewt fir hiere flotte Concert a si ware richteg stolz.

A weider gung et; d'Instrumenter sinn un de Noper weidergereechte ginn, d'Martine huet eis een neit Lidd erausgesicht an d'Flütisten hun hiert Bescht ginn.

Nom 2. Concert war dun un der Zait fir eng rouech Geschicht wou d'Kanner d'Déieren bei hieren Alldagsproblemer hu missen ennerstëtzen an hëllefen.




» Fotoen