passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Halloween Party

07.11.2023

Den 31ten Oktober dierf eng Halloween Party net feelen.



Béi eis am SEA gouf Halloween geféiert. D’ Kanner konnten verkleet an den SEA kommen an si haten no der Mëttesstonn d’ Méiglechkeet geschminkt ze ginn, wann si dann wollten. De Kanner goufen Spiller wéi “Reise nach Transsilvanien” oder “Spinnen-Rennen” ugebueden. Si konnten awer och hëllefen Kürbis-Nuddelen hirzestellen, sou wéi se och an eisem Kachbuch ze fannen sinn.

D’ Party war gelongen an nom villen Danzen waren mer vill hongereg an mir hunn eis déi selwer gemaachten Nuddelen gutt schmaachen gelooss.




» Fotoen