passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycles 1-4 Vakanzaktivitéiten 2026

07.08.2026

Staunen, experimentéieren an entdecken – e Wëssenschaftsnomëtteg fir d’Cyclen 1 bis 4



Haut stoung bei de Kanner aus de Cyclen 1 bis 4 alles am Zeeche vun der Wëssenschaft. Bei engem spannenden an ofwiesslungsräiche Wëssenschaftsnomëtteg konnten déi jonk Fuerscher selwer experimentéieren, entdecken a staunen.

Bei verschiddenen Experimenter konnten d’Kanner op spilleresch Aart a Weis naturwëssenschaftlech Phänomener entdecken an dobäi selwer aktiv ginn. Mat vill Virwëtz a Begeeschterung gouf ausprobéiert, observéiert an natierlech och déi eng oder aner iwwerraschend Entdeckung gemaach.

E besonneschen Highlight vum Nomëtteg war d’Wëssenschaftsshow „BAFF!“, bei där d’Kanner Wëssenschaft op eng spannend an ënnerhalend Manéier erliewe konnten.

En Nomëtteg voller Experimenter, Iwwerraschungen a faszinéierende Momenter, dee gewisen huet, datt Wëssenschaft net nëmme léierräich ass, mee och richteg vill Spaass maache kann!




» Fotoen