passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : D' Fuesboken sinn ënnerwee

11.03.2025

De Clown huet et sech bei eis am Restaurant gemittlech gemaach an sech op d’ Dier vun eisem Restaurant gepecht.



Dat fir de Kanner beim Iessen nach dat eent oder anert Laachen méi an d’ Gesiicht ze zauberen. Fir de Clown hierzestellen hunn d’ Kanner hir Handform mat Hëllef vun engem Bläistëft op e Blat gezeechent. Sou sinn ënnerschiddlech Hänn entstanen, fir genau ze sinn, iwwer 100 Hänn déi d’ Kanner uschléissend erausgeschnidden hunn. Loosst Iech gesot sinn, dëst huet nawell laang gedauert an dat een oder anert Kand huet et souguer gepackt méi wei eng Hand fäerdeg ze kréien.




» Fotoen