
Reebou-Pavillon: Mir sinn mat de Kanner vum Précoce op Beetebuerg an de Biicherkueb gaangen.
09.05.2022Mir sinn mat de Kanner zu Fouss vum Reebou-Pavillon op Beetebuerg an de Biicherkueb getreppelt. Am Virfeld hunn d ‘Kanner en Ziedel krut mat de genauen Informatiounen, wou ënnert anerem och drop stoung, datt d ‘Kanner d ‘Méiglechkeet hunn e Buch vun Doheem kennen matbréngen fir am Biicherkueb ze tauschen.
Wou mer ukomm sinn kruten d ‘Kanner 2 Këschten mat Bicher zur Verfügung gestallt. Aus deenen 2 Këschten konnt all Kand, wou e Buch dobäi hat fir ze tauschen, sech 1 Buch eraussichen fir mat Heem ze huelen. Déi Kanner wou kee Buch dobäi hate fir ze tauschen konnten sech eppes aus enger anerer Këscht eraussichen, aus der och déi aner Kanner sech eppes zweetes konnten eraussichen.
Dono si mir erëm zesummen zeréck an d ‘Maison Relais getrëppelt.
De Kanner huet et gutt gefall an si sinn herno zeréck mat hirem Bicher zeréck an d ‘Maison Relais getrëppelt an hunn vun hirem Erliefnes gezielt. Wéi d ‘Kanner vun den Elteren ofgeholl gi sinn, hunn si hiren Elteren ganz stolz hir nei Bicher gewisen