
Reebou-Pavillon: E flotten Ausfluch op d' Robesscheier mam Précoce an der Spillschoul
16.08.2021Mir sinn mam Mini-Bus an d'Robbessscheier op Munshausen gefuer
Wou mir ukomm sinn hu mir no dem laangen Bus Wee emol als éischt eppes zesummen giess. Um 10h00 sinn déi verschidden Atelieren ugaangen. Mir hu mat der Bak Aktivitéit gestart, wou all Kand seng eegen Äppeltäsch maache konnt an herno nokucke konnt, wéi se an engem alen Uewe mat Feier gebak goufen. Dono si mir an d ‘Schmëtt gaangen wou d ‘Kanner déi verschidden Huffeise vun de Päerd erkläert kruten.
Am Atelier duerno konnt all Kand aus engem Nol den 1. Buschtaf vu sengem Virnumm formen, wourauser en Schlësselunhänger entstanen ass. No der Schmëtt hate mir Mëttespaus, wou mir am Restaurant zesummen giess hunn.
Nomëttes waren mer nach am Käerzen Atelier, wou all Kand seng eegen Käerz aus Beiewuëss maachen konnt. Als Ofschloss si mir en Tour mat der Päerdskutsch gefuer an sinn d ‘Deieren um Haff fiddere gaangen. Iert mir dunn erëm zréck op Beetebuerg gefuer sinn, waren mer am Buttek an all Kand huet sech dierfen e klenge Souvenir kafen.
» Fotoen