passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Eis kleng Piraten maachen sech op d' Sich nom Schatz

11.02.2025

Eis Piraten aus dem Cycle 1 hunn sech hier eege Spektive gebastelt a sinn dann op d’ Sich nom grousse Schatz gaangen.



Fir d’ éischt hu mir zesummen eis flott Spektiven gebastelt. Fir esou eng Spektiv selwer ze bastelen brauche mir:

· 2x Toilettëpabeierrullen

· Acrylfaarwen, Bläistëftsfaarwen oder Touchen

· Ficellë

· Bastelkleber oder eng Peschpistoul

D' Bastelanleitung ass super einfach. Als éischt goufen d’ Rullen faarweg bemoolt, dann zesummegepecht an zum Schluss gouf e Stéck Ficelle ugestréckt. Sou kënnen d’ Kanner lo hier Spektiv em den Hals hänken.

Fir d’ Erliefnis nach méi spannend ze gestalten hunn d’Erzéier eng Schatzkëscht matt flotte klenge Cadeauen dobaussen verstoppt. Dann hu sech d’ Kanner gemeinsam mam Erzéier op de Wee gemaach an nom grousse Schatz gesicht. Natierlech hu mir eis Spektiven gebraucht fir dëse Schatz ze fannen.




» Fotoen