passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Hierschtzäit ass Käschtenzäit

23.11.2023

Nodeem d’ Kanner de ganzen Oktober iwwer Käschten gesammelt hunn déi vun eisem groussen Käschtebam am Haff gefall sinn, hunn d’ Kanner sech iwwerluecht wat een mat de Käschten alles maachen kann.



D’ Kanner hunn sech als Aufgab ginn ze iwwerleeën wei a wou d’ Käschten an eisen Funktioun Raim agesat kënne ginn. D’ Iddi ass dunn opkomm se am Rollespill Atelier als ënnerschiddlecht Spill Material ze benotzen.

An der Spill Kichen kachen d’ Kanner zum Beispill eng Käschten Zopp, op der Baustell transportéieren mir d’ Käschten mam Bagger hin an hir, an am Buttek benotzen d’ Kanner d’ Käschten als Suen.

Zesummen mat de Kanner sinn mir och op d’ Iddi komm fir eng riseg Käschten Këscht ze fëllen, wou mir eis kënnen dra bueden.

Der Kreativitéit sinn hei keng Grenzen gesat a vill Spaass hunn d’ Kanner mat de Käschten.




» Fotoen