
Sportshal: Kinonomëtteg am SEA
13.11.2020Mir hunn an der Vakanz eise SEA an e Kino verwandelt.
Wei am richtege Kino hunn Kanner Entrées-Tickete gemaach a faarweg Popcorntute gebastelt. De Raum war mat de Filmplakaten dekoréiert an och eng flott Popcornsmaschinn huet net gefeelt. Sou gutt virbereed huet de Film richteg Spaass gemaach an och de Popcorn huet de Kanner geschmaacht.
» Fotoen