passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Trauliichtlanteren

29.10.2026

Am Kader vun engem kreative Projet an der SEA gestalten d’Kanner zesumme schéin Trauliichtlanteren aus Loftballonen, Pabeier a Tapéitekleister. Dobäi ginn d’Loftballone mat verschiddene Schichte Pabeier bekleeft an duerno gutt dréchnen gelooss.



Nodeems d’Lanteren komplett gedréchent sinn, molen d’Kanner dës mat orangefaarweger Faarf un. Bei dëser Aktivitéit kënnen si hir Feinmotorik, Kreativitéit a Gedold op eng spilleresch Aart a Weis weiderentwéckelen.

Déi fäerdeg Trauliichtlantere ginn den 31.01.2026 bei engem vun der Gemeng organiséierte Fest als Dekoratioun ausgestallt. Sou kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, hir selwer gestalt Konschtwierker der Ëffentlechkeet ze presentéieren an aktiv zu der festlecher Atmosphär vun der Manifestatioun bäizedroen.




» Fotoen