
Reebou-Pavillon: Wat ass eigentlech Yoga?
13.10.2022Et gi vill Virdeeler beim Yoga: Konzentratioun, Entspanung an Stress Bewältegung. Et ass e Moment deen just fir d ‘Kanner ass a wou si nom ganzen Alldagsstress emol kennen zur Rou kommen. Dest huet och en Impakt op d'Emotiounen, well d' Kanner d' Meiglechkeet hunn hir Gefiller op eng kreativ Art a Weis em ze setzen.
Yoga fuerdert net nëmmen d' Beweegung, et hëlleft och bei der kierperlechen, geeschtegen, emotionalen an psycho sozialen Entwécklung. D ‘Kanner vum Cycle 2 an 3 konnten an eisem Yoga Atelier am Beweegungssall an Fantasie Geschichten reesen a sech an verschidden Déieren verwandelen, wei z.B e Leif, eng Bei oder een Päiperlek. D ‘Übungen goufen spilleresch duergestallt, d’ Haaptzil bei dëser Aktivitéit ass dass d ‘Kanner Spaass hunn a sech kennen entspanen fir e klengen Moment vum Alldag of ze schalten.
» Fotoen