
Reebou: Sport, Spaass a Spiller an der Vakanz
26.06.2024Wärend den Schoulvakanzen kréien d’Kanner vum Service d’éducation et d’accueil (SEA) vu Beetebuerg d’Méiglechkeet duerch en ofwiesslungsräichen Sport Programm sech sportlech ze engagéieren an dobäi vill Spaass ze hunn.
Eng motivéiert an engagéiert Equipe, déi sech d'ganzt Joer iwwer intensiv mam Thema Sport beschäftegt, schafft un altersgerechten an originellen Aktivitéiten fir d'Kanner.
D'Fotoen an d’Videoen, déi vun den Aktivitéiten geholl goufen ënnersträichen déi positiv Erfarung, déi d'Kanner wärend dem Programm gemaach hunn. Sport ass net nëmmen mat Spaass verbonnen, heibäi gëtt ënnert anerem Beweegung an Motorik gefuerdert.
» Fotoen