
Sonnepavillon : Knusper, Knusper Haischen...
15.12.2020...ween knabbert un mengem Haischen?
Während dem Mount Dezember hunn d’ Kanner Ausmol-Biller mam Thema Krëschtdag gemoolt. Fir net zevill Pabeier ze verschwenden, sinn mir op d‘ Ideeë komm aus dësen schéinen gemoolten Biller eng Kéier eppes anescht domat ze maachen. Mir hunn eng grouss Këscht geholl an hunn mat den Biller en Liefkuch Haischen gebastelt.
Während dem Molen, Pechen a Schneiden sinn ëmmer méi Ideeën bei den Kanner opkomm. Liichtercher huet eis d’ Haischen och nach kritt, an als Belounung vir deen flotten “travail d’ équipe”, sou huet en Kand dat genannt, ass eist Liefkuch Haischen verzaubert ginn. Dëst mat leckeren Zockerstaangen an klengen Kamellen Titercher.
Elo heescht et: Knusper, knusper Haischen ween knabbert un mengem Haischen.
Lecker, lecker, schmecker, eis Aarbecht huet sech richteg gelount.
» Fotoen