passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir sammelen Käschten

26.10.2023

Hurra! et ass Oktober... Zäit fir Käschten ze sammelen.



D’ Kanner waren begeeschtert wéi am Haff déi éischt Käschten vum Bam gefall sinn. Si sinn direkt bei de Bam gelaf an hunn ugefaang d’ Käschten an hir Täschen ze stiechen. Si hunn och eng grouss Tut mat Käschten gefëllt fir domat ze bastelen oder ze spillen.

Wéi si keng Käschten méi um Buedem fonnt hunn, hunn si probéiert mat engem méi gréisseren Bengel d’ Käschten vum Bam erof ze kréien.




» Fotoen