
Al Gemeng : Hopse, sprangen, balancéieren a lafen um Loftkessen.
02.05.2022An der Ouschtervakanz konnten d'Kanner vum groussen Airtramp an der Sportshal profitéieren
Zesummen mat eise Sportséducateuren dem Tamara an dem Dani hun d'Kanner lauter flott Aktivitéiten um Airtramp gemach.
Fir d'éischt konnten si sech alleguer op deem eidelen Loftkessen verdeelen an dunn ass d'Loft agefëllt ginn. Lo ass et drems gangen fir esou lang wéi méiglech stoen ze bleiwen an ze balancéieren.
Wéi den Airtramp bis ganz opgeblose war konnten d'Kanner sech e bessen austoben.
No enger kuerzer Rouphase ass dun d'Welt op d'Kopp gestallt ginn andeems si alleguer um Reck lungen a mat de Féiss déi grouss Weltkurel hinanhier geschoss hun.
Zum Schluss koum dun nach dee grousse Moment wou déi Kanner déi sech getraut hunn konnten an den Airtramp eraklammen. Uhuu, daat war richteg spannend.
» Fotoen