
Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026
11.08.2026Vum Gaart direkt op den Teller – e flotten Dag fir de Cycle 1
Den Cycle 1 huet e spannenden a genossvolle Moien am Kalendula verbruecht. Am Gaart konnten d’Kanner selwer frëscht Geméis plécken an entdecken, wou eis Liewensmëttel hierkommen.
Duerno gouf dat frësch gepléckten Geméis direkt verschafft: Zesummen hunn d’Kanner doraus e leckert Mëttegiessen preparéiert an natierlech och gemeinsam geschmaacht. Esou konnten si op eng spilleresch Manéier erliewen, wéi aus frësche Produiten aus dem Gaart eng gutt Moolzecht entsteet.
Nom Retour stoung weiderhin de Spaass am Mëttelpunkt. Bei de waarmen Temperaturen hunn Waasseraktivitéiten fir eng wëllkomm Ofkillung gesuergt. Donieft konnten d’Kanner mat Kräid kreativ ginn oder sech beim Basketball nach e bëssen auspoweren.
En ofwiesslungsräichen Dag mat Natur, Kachen, Kreativitéit, Beweegung a ganz vill Spaass!
» Fotoen