passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Knusper knusper Knaischen,...

13.12.2021

.. wee knuspert u mengem Haischen?

D'Spillschoulskanner hun ee Knusperhaichen aus Botterkichelcher gemach.
A fir dass daat ganzt och gudd zesummepecht hu si eng Glasur gemescht aus Waasser, Pudderzocker, e Schotz Zitrounejus an e besse blo Liewensmëttelfarw.
Domadder konnten d'Kanner no Loscht a Laun ee klengt Haischen aus Kichelcher bauen. Fir d'Dekoratioun hu si nach schokolas Grimmelcher, kleng Stären asw. driwwer gestreet.
A ween dann elo schlussendlech um Haischen geknuspert huet a ween dra gewunnt huet daat gesidd er op de Fotoen...


» Fotoen