
Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026
04.08.2026Op Entdeckungstour mam Cycle 1 zu Diddeleng.
Haut war de Cycle 1 um Kanner-Wanderwee zu Diddeleng ënnerwee. Op der spannender Wanderung gouf et vill ze entdecken an ze erliewen.
D’Kanner hunn ënnerwee bekannt Perséinlechkeete vu Diddeleng kennegeléiert, erausfonnt wéi al e Bam ka ginn an en Abléck an d’Liewe vun de Biergaarbechter kritt, déi fréier an de Minièren geschafft hunn. Besonnesch spannend war et ze entdecken, datt e Bam souguer wéi en Telefon funktionéiere kann!
No all deenen interessanten Entdeckungen ass den Nomëtteg mat enger flotter Spillzäit am Schlasspark ofgeschloss ginn. Et war e gelongenen Dag voller Léieren, Spaass a schéine gemeinsame Momenter.
» Fotoen