
Cycles 2+3 Vakanzaktivitéiten 2026
10.08.2026Sportleche Start an déi zweet Woch vun de Vakanzaktivitéiten.
Déi zweet Woch vun eise Vakanzaktivitéiten huet sportlech ugefaangen! Fir d’Kanner aus de Cyclen 2 an 3 stoung e ganzen Dag am Zeeche vu Beweegung, Teamgeescht a virun allem vill Spaass.
Bei verschiddene Sport- a Spillaktivitéite konnten d’Kanner sech richteg austoben. Um Programm stoungen ënner anerem Völkerball, Basketball, Fussball a Volleyball. Beim Yoga war dogéint e bësse Rou an Entspanung ugesot, an och de Klassiker „Reise nach Jerusalem“ huet fir vill Laachen a gutt Stëmmung gesuergt.
E gelongene Start an déi zweet Woch, bei deem nieft der Beweegung virun allem Zesummenhalt, Fairplay an de Spaass um gemeinsame Sport am Mëttelpunkt stoungen.
Mir freeën eis op déi vill weider Aktivitéiten an Erliefnesser, déi dës Woch nach op eis Kanner waarden!
» Fotoen