passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Musek fir all Kand

22.05.2023

Eis musikalesch Aktivitéiten: mir sangen, danzen, musizéieren.



Zéng Kanner hunn sech fir dësen Projet ugemellt. Wärend dësen Seancen, a Kollaboratioun mat der Diddelenger Musek Schoul, ginn verschidden spilleresch Aktivitéiten zum Thema Musek ugebueden. Dëst ass net nëmmen verbonnen mat Spaass, et erméiglecht de Kanner och nei Saachen kennen ze leieren. An der éischter Seance konnten d’ Kanner d’ Instrumenter Ukulélé an Kazoo kennen léieren an ausprobéieren. Eisen Piano kennt och vill an den Asaz.

Musek ass en breetgefächert Thema mat villen Méiglechkeeten, a genau dat weisen mir de Kanner wärend dësen flotten Aktivitéiten. Des weideren ass dëst eng flott Méiglechkeet fir dem Alldag Stress e bëssen aus de Féiss ze kommen, well Musek e positiven Impakt op eist Wuelbefannen huet, Musek verbënnt.




» Fotoen