
Al Gemeng : Ee geessegen Nomëtten op der Sonnepromenade
11.04.2022Den Déierepark hannert dem Altersheem an de Wisen kennt emmer gudd bei de Kanner un.
Am Fréihjoer vun den éischte sonnegen Deg ze profitéieren motivéiert fir eraus ze goen.
D'Kanner sin emmer nees begeeschtert fir de Geessen hannert dem Altersheem moie soen ze goen. An d'Begeeschterung ass béidersaits. Well déi eng giffe gär geheemelt ginn an déi aaner giffe gär heemelen.
Nom Besuch bei den Déieren huet de Grupp nach vum schéine Wieder profitéiert fir op der Sonnepromenade op den Hiwwelen ee Ofrullconcours ze lancéieren wou d'Kanner eng Course konnte machen ween sech am schnellsten saitlech d'Wis erof rulle kann.
De Spaass war natirlech grouss.
» Fotoen