passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Eng Mini-Ausstellung an der Mini-Gallerie

11.03.2019

Eis Künstler aus dem Spillschoulsgrupp stellen aus.

D'Kanner kruten vun hieren Educatricen eng flott Aufgab déi mol eng Kéier aanecht war wéi soss; molen am Stoen oder am Setzen wann d'Blad un der Mauer hänkt.
Ee grousst waisst Blad gouf un d'Mauer gepescht a si sollten dorobber ee Bild molen andeems si virdru stinn oder um Buedem setzen. Leichter gesagt als getan; mee trotzdem, fir eis kleng Künstler, eng flott Erausfuederung. 
D'Freed war grouss an d'Resultat kann sech duerchaus weise loosen. Kuckt selwer an eiser klenger Gallerie.


» Fotoen