passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Geocaching

14.03.2025

Geocaching ass eng spannend Schatzsich an der Natur, bei deem d'Kanner mat Hëllef vun engem GPS Apparat oder enger Smartphone App verstoppte Caches (Schätz) fanne mussen.



Mat engem Picknick am Rucksaack hu mer eis voller Virfreed op de Wee gemaach. Mer hunn eis des Kéier eng Streck an der Natur rausgesicht mat 10 Cache well Kanner vill Freed hu fir di gutt verstoppte Cache ze sichen. Et huet och net laang gedauert bis d’Kanner den éischte Cache fonnt hunn. D’Kanner hunn immens gutt zesumme geschafft an hate vill Spaass. Si haten e flotten Dag a si sech eens dass si dat nach eng Kéier maache wëllen. Wie gutt dass et nach vill Cachen ze entdecke gëtt.




» Fotoen