
Vakanzaktivitéiten 2022: Cycle 3
09.08.2022Den Cycle 3 huet ee flotten Dag zu Burfelt am „Centre nature et forêt“ verbruet.
Nodeems Kanner bëssen vum Stauséi profitéiert hunn an bal all Kanner mat den Kleeder schwammen gaangen ass oder Steng iwwert d'Waasser sprangen gelooss huet, haten Kanner un verschiddenen Atelier‘en deelgeholl. Sie hunn geléiert Féier ze maachen, e Bracelet oder Ketten aus Bast an Woll ze knieden an zum Schluss konnten sie nach eng schéin Kaart mat Blummen bastelen déi mir selwer gesammelt hunn. Um Wee fir bei den Bus sinn Kanner dunn nach op eng Aussichtsplattform gaangen wou sie iwwert den ganzen Stauséi kucken konnten.
» Fotoen