
Sonnepavillon : Am Restaurant vun den Cycle 1 Kanner
05.01.2022No der Schoul sinn déi meescht Kanner gutt hongereg an freeën sech fir an den SEA Restaurant ze kommen.
Fir dass d’ Kanner an awer och hir Elteren wëssen wat et z’ iessen gëtt, hu mir virum Restaurant eng Menu Tafel hänken. Hei ass den Menü vum Dag schrëftlech, wei och mat groussen Fotoen ze gesinn.
Am Restaurant ukomm kënnen sech d’ Kanner hirt Iessen bei den Buffet sichen goen. Hei hu si de Choix, wat si Iessen wëllen. Am Moment dierfen d’ Kanner sech net selwer servéieren dofir mécht een Erwuessenen dat. Wann si hiren Teller kréien kënnen si sech eng gutt Platz sichen an zesummen mat hiren Frënn iessen an schnëssen.
» Fotoen