passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Geméis vum Gréis

30.05.2022

De Gréis vu Réiser baut just saisonalt a lokalt Geméis un. Ouni Verpackungen a chemesch Sprëtzmëttel produzéiere si nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft.
Nirwent dem Ubau vu Geméis bidden si awer och Visiten vun hierem Site un a probéieren de Kanner op deem Wee d'Geméis méi no ze brengen.

Mat engem klenge Grupp vu Kanner hun d'Educatricen aus der Maison Relais vun der Offer profitéiert a ware bis bei de Gréis op Réiser luussen waat et do flottes ze kucke gëtt.
Nirwent den Erklärungen zu deenen verschiddenen Geméiszorten goufen och e puer Spiller gemach wou jiddreeen huet missen roden waat fir ee Geméis hien ass. Dono hu si aus verschiddenen Geméiszorten eng gudd Zalot gemach.
Et gouf ee grousst Feier gemach (waat d'Kanner selwer ugefang hun nodeems se och selwer Holz gehackt hun) wou Brout gebak gouf an ee Kraidertéi gekacht gouf.
Zum Schluss konnten d'Kanner och nach d'Schof an t'Henger  fiddere goen a si si geléiert ginn dass d'Farw vun den Eeër (waiss Schuel oder brong Schuel) dovunner ofhänkt waat fir eng Farw dem Hung seng Oueren huet...
A wann et iech lo esou geet wéi mir, da sidd der lo och eppes Neies gewuer ginn.


» Fotoen