
Sportshal: Wanterowend
21.12.2018Den Donneschden 20/12 huet SEA Sportshal mat de Kanner an Elteren ee flotte Wanterowend verbruecht.
Kanner hate fläisseg gebastelt a gebak fir hiren Eltere kënnen alles ze weisen an och ee klenge Concert kruten Eltere presentéiert. Dëst Joer hu mir op eiser Wanterfeier Suen gesammelt fir d'asbl "Du an Ech". Eis Feier war en ee vollen Erfolleg an Elteren, wéi och Kanner hunn eis Feier, a soumat d'asbl, kräfteg ënnerstëtzt duerch Spenden. "Du an Ech" wäerten déi gesammelte Spenden notzen fir ënner anerem am Senegal zu Mbegel de Kanner d'Umeldung an Equipement fir d'Schoul ze erméiglechen.
Am ganzen hunn mir 491,41 Euro gesammelt.
Mir soen den Elteren an de Kanner villmools Merci fir hir Aarbecht, hir Ënnerstëtzung an dee schéinen Owend.
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch wënscht iech Equipe vun der SEA-Sportshal.
» Fotoen
» www.duanech.lu/