
Cycle 3 Vakanzaktivitéiten 2026
13.08.2026Bowling, Spiller an eng lecker Glace fir de Cycle 3.
Fir de Cycle 3 stoung haut e flotten an ofwiesslungsräichen Metteg bei I AM WOW um Programm. Bei de waarmen Temperaturen war et dobannen agreabel kill an domat genee déi richteg Plaz fir e puer flott Stonnen ze verbréngen.
Beim Bowling konnten d’Kanner hiert Geschéck ënner Beweis stellen a sech a gudder Stëmmung matenee moossen. Mee och niewent der Bowlingbunn gouf et vill ze entdecken: D’Kanner konnten Pétanque, Kicker a Shuffleboard spillen an déi verschidden Aktivitéiten zesummen ausprobéieren.
Zum Ofschloss gouf et nach eng lecker Glace, déi bei dësem waarme Wieder natierlech besonnesch gutt geschmaacht huet.
E gelongenen Mëtteg mat vill Spaass, Spill a gemeinsame Momenter – an enger wëllkommener Ofkillung bei de summerlechen Temperaturen!
» Fotoen