passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Cake-Pops

03.09.2018

Et gëtt vill an oft gebak an der Maison Relais; dës Kéier ware Cake-Pops um Programm.

Hei een einfacht Rezept mat Zutaten déi een an all Haushalt fënnt a wat flott ass fir mat Kanner nozebaken:

Mir weien 150 Gramm Zocker, 150 Gramm Botter an 150 Gramm Miel of. Dobäi kommen 3 Eeër an een Téiläffel Bakpolfer.
Eeër, Zocker a Botter gi mam Mixer cremeg geschloen. Miel a Bakpolfer ginn drënner gemëscht. 

D'Cake-Pops-Machine gëtt virgewiermt a soubal se op der richteger Tempeatur ass, geet et lass.
Den Deeg gëtt portiounsweis a Forme gefëllt an dono 8 Minutte bake gelooss. (Oppassen: D'Machine gëtt zimlech waarm a soll am beschte vun engem Erwuessenen bedéngt ginn!)

Nodeems de Schockela geschmollt ass (bei eis an der "Pâtisserie Al Gemeng" nenne mir dat "Couverture"), ginn d'Cake-Pops verziert, dh. si ginn dekooréiert mat Buchstawen, Konfetti, Goldkurrelen, asw...
Hei sinn de Kanner hierer Phantasie a Kreativitéit keng Grenze gesat.

Voilà, bon appétit mes petits!


» Fotoen