passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir spillen XXL Mikado

29.04.2024

Well d’ Wieder eis e Stréch duerch d‘ Rechnung gemaach huet, hu mir eis spontan dozou decidéiert ënnert de Préau Mikado spillen ze goen.



Wéi dir kënnt gesinn hunn mir keen üblecht Mikadospill gespillt, mee mei eng grouss Variant ugebueden. D’ Spillreegelen bleiwen awer déi üblech. Een vun de Kanner huet sech d’ Mikadostäbercher geholl fir se ëmfalen ze loossen, a lass konnt et dunn och schonn goen. Mat vill Fäingefill däerf ee just mat de Fangeren ee Stäbchen ophiewen a versichen dësen vum Koup erauszezéien. Dat ouni de Recht vum Koup zum Wackelen ze bréngen, well soss ass et um Géigner. Et gëtt gezielt soubal keng Stäbercher mei do sinn an deejéinegen deen der mei huet, ass de Gewënner.




» Fotoen