passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Fuesparty am SEA, e Fest fir eis Kanner

03.03.2025

Mat vill Freed a gudder Laun hunn d‘ Kanner zesummen gefeiert, gedanzt a gespillt.



Eis Kannerdisco war en Highlight wou d' Kanner hir beschte Beweegungen gewisen hunn. Mat flotter Musek, an enger fantastescher Ambiance hunn si sech gutt ameséiert.

Nieft verschiddene Spiller a Beweegungsaktivitéiten, konnten d’ Kanner sech bei eisem Tattoo- a Schminkatelier an déi ënnerschiddlechst Fuescharaktere verwandelen, vum faarwegen Superheld bis hin zur Prinzessin oder awer och an en Déier.

Eis Fuesparty war e gelongene Moment, voller Freed a Kreativitéit, e richtegen Highlight fir eis Kanner.




» Fotoen