Sonnepavillon: “Biller Labo”
27.08.2025Ausfluch an den Nationalmusée um Fëschmaart
Kierzlech ware mir mat de Kanner op engem flotten Ausfluch an den Nationalmusée um Fëschmaart, wou mir eis vun der Fotosausstellung “Beyond the Frame, Rethinking Photography” inspiréiere gelooss hunn.
Do hu mir am Biller Labo zesumme mat Luucht, Pabeier an aner verschidde Materialie gefuerscht, entdeckt a selwer kleng Konschtwierker ausprobéiert. D’Kanner hate vill Freed drun hir eege Kreativitéit ze weisen an nei Techniken ze entdecken.
No dësem spannende Musée Besuch si mir an de Gronn gaangen an hunn an entspaante Picknick gemaach. D’Kanner konnten zesumme spillen a d’Natur genéissen.
Et war eng flott Kombinatioun vu Kultur, Kreativitéit a Fräizäit.
» Fotoen