
24/08 Cycle 2
28.08.2018Rallye um Mäerchenwee
Um Mäerchenwee zu Déifferdeng hunn mir en klenge Rallye gemaach. Bei dem Rapunzel hunn mir eis misste gutt verhale wei de Lego zesumme gebaut ass an hunn en richteg nobaue mussen. Beim Hänsel a Gretel goung et em d'Schnellegkeet. Mir hunn misste méi séier wei déi aner no engem Géigestand sichen. Wou mir dunn beim Pinocchio waren, duerfte ma wei ee Ligendetekter erausfannen, wien eis vun de Moniteuren eng Geschicht opbrummt a wien d'Wourecht zielt. Wei mir beim klenge Leif waren, duerfte mir och eng kéier an d'Roll vum Kinnek vun den Deieren era kucken an hunn missten eis Ouere gutt spëtzen. Beim Aschenputtel war dunn eis Fangerspëtzegefill gefrot. Sou séier wei et nëmme goung, hunn mir déi rout vun deene wäisse Bounen richteg getrennt ansortéiert! Ganz zum Schluss gouf et dann nach eng strategesch Erausfuerderung beim Schneewittchen, wou mir eist logescht Denken trainéiert hunn. Een ofwiesslungsräiche Rallye mat ville flotte Statuen a verstoppten Deieren hunn mir also haut gesinn!
» Fotoen