Archive de nouvelles
News
Sportshal: Buerféiss molen
Eis Kanner hate mol Loscht eppes Neies ze probéieren an hunn sech gefrot wei en mat de Féiss e Bild maache kann.
Sonnepavillon : Summerfest
Den 11.07.2019 war eist Summerfest zum Thema Mexiko. Et war e ganz flotten Owend an Grouss an Kleng haten vill Spaass.
Al Gemeng : SEA goes AFRIKA
Freides den 28. Juni hate mir eist Summerfest zum Thema Afrika. Mat villen flotten Animatiounen a Spektakelen wéi z.B. Schattentheater a verschidden Atelier'en war et ee gelongenen Owend.
Sonnepavillon : Kachbuch
Eis Kanner sinn fläisseg um kachen an baken fir hiert eegent Kachbuch opzestellen.
Al Gemeng : Een Indianer kennt selten aleng!
"Indianer spillen ass Tipi Top" sooten d'Kanner aus dem Spillschoulsgrupp an haate vill Spaass.
Sonnepavillon : Picknick
D’ Kanner haten vill Spaass dobäi an der fréier Natur ze picknicken an dono an der Wiss ze lafen an ze spillen.
Sportshal: Eng waarm Woch
Opgrond vun de héijen Temperaturen des Woch si mer am Gebai bliwwen.
Al Gemeng : Selwer gekacht schmaacht et nach eng Kéier sou gudd.
D'Kanner aus dem SEA hu sech ee Menü erausgesicht deen si all zesumme gekacht hunn.
Sonnepavillon : Bastelen an enger Mëttegstonn
An der Mëttegstonn hunn mer mat de Kanner Blummen aus Eeërkartrong gebastelt. D ‘Kanner konnten hirer Fantasie freien Laf loossen an hunn d‘ Faarwen selwer gemëscht. Dobäi sinn ganz schéin Faarwen entstan an d’ Kanner hunn geleiert wéi eng Faarwen mateneen muss gemëscht ginn fir z.B giel oder gréng ze kréien.