passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

SEA Sonnepavillon


Le service d’éducation et d’accueil Sonnepavillon s’adresse aux enfants de la Sonneschoul.

Toute absence de votre enfant doit être signalée auprès des préposées dans les délais imposés.

(voir Documents - Modalités de fonctionnement)



Contacts


Stéphanie Minocchi, préposée
Carlo Micheli, préposé adjoint

Cycles 1 - 3.1
Cycles 3.2 - 4.2




Où nous trouver


Service d’Éducation et d’Accueil Sonnepavillon
43, Rue de l’École
L-3385 NOERTZANGE

Ceci est une carte de Google. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Google.


Heures d'ouverture


Période scolaire:
  • du lundi au vendredi de 07h00 - 07h40
  • les lundis, mercredis et vendredis de 11h45 à 18h30
  • les mardis et jeudis de 11h20 à 18h30

Période vacances:
  • du lundi au vendredi de 07h00 à 18h30




Nouvelles de notre SEA


Sonnepavillon : Mir kachen Spigeleeër

An der Vakanz konnten d’ Kanner Spigeleeër an Omeletten kachen fir sech déi beim Moiesiessen schmaachen ze loossen. D’ Kanner waren ganz stolz drop dass si selwer gekacht hunn an hunn sech et gutt schmaachen gelooss.
Publizéiert den 09.08.2019

Sonnepavillon : Een gemittlechen Moien an der Vakanz

Déi eng Kanner hunn nach gerascht wou déi aner schonn Schoul, Kichen, Lego oder Gesellschaftsspiller gespillt hunn. Vum Spillen sinn d’ Kanner dunn hongereg ginn an konnten an den nei ageriichtenen Restaurant iessen goen.
Publizéiert den 02.08.2019

Sonnepavillon : Waasser- Bullispiller

Bei den summerlechen Temperaturen hunn mer mat den Kanner flott Waasser- an Bullispiller gemaach fir eis gutt ofzekillen. D ‘Kanner hunn sech bei eng Mauer gestalt an Figuren gemaach a sinn dunn naass gemaach ginn, sou dass flott Biller entstan sinn. Déi aner Kanner hunn an der Waasserkichen eppes Guddes gekacht oder hunn sech am Schlammbad gebuet.
Publizéiert den 25.07.2019

Sonnepavillon : Roboter bauen

An der Vakanz haten d’ Kanner ganz vill Spaass dobäi een alen Computer auserneen ze montéieren an dono aus den eenzelen Stecker den “Speedy” (een Roboter) ze bauen.
Publizéiert den 17.07.2019

Sonnepavillon : Summerfest

Den 11.07.2019 war eist Summerfest zum Thema Mexiko. Et war e ganz flotten Owend an Grouss an Kleng haten vill Spaass.
Publizéiert den 12.07.2019

Sonnepavillon : Kachbuch

Eis Kanner sinn fläisseg um kachen an baken fir hiert eegent Kachbuch opzestellen.
Publizéiert den 04.07.2019

Sonnepavillon : Picknick

D’ Kanner haten vill Spaass dobäi an der fréier Natur ze picknicken an dono an der Wiss ze lafen an ze spillen.
Publizéiert den 28.06.2019

Sonnepavillon : Bastelen an enger Mëttegstonn

An der Mëttegstonn hunn mer mat de Kanner Blummen aus Eeërkartrong gebastelt. D ‘Kanner konnten hirer Fantasie freien Laf loossen an hunn d‘ Faarwen selwer gemëscht. Dobäi sinn ganz schéin Faarwen entstan an d’ Kanner hunn geleiert wéi eng Faarwen mateneen muss gemëscht ginn fir z.B giel oder gréng ze kréien.
Publizéiert den 21.06.2019

Al Gemeng : Flott Bastel-Iddiën

Zesumme mat de Kanner aus dem Sonnepavillon hu mer e puer flott Bastel-Iddiën realiséiert déi ganz liicht nozemaache sinn.
Publizéiert den 17.06.2019

Sonnepavillon : Mir bastelen Himmelsdéiercher

Mer hunn Himmelsdéiercher gebastelt. Ech hat den Kanner eng Virlag ginn wéi een et kéint maachen. Si konnten dunn hirer Kreativitéit freien Laf loossen an bastelen wéi et hinnen gefält. Déi eng wollten faarweg an di aner schwaarz Punkten. Dobäi sinn ganz schéin Himmelsdéiercher raus komm.
Publizéiert den 14.06.2019

Sonnepavillon : En Dag an der Natur

An der Vakanz waren mär een Dag an d' Natur vun Beetebuerg. Mär hunn eis op d' Sich gemaach no neien a flotten Plazen zu Beetebuerg. Mär sinn dunn an de Bongert beim Bësch gaangen an hunn eis et do gemittlech gemaach. Nodeems mär nach e puer Spiller gemaach hunn, hunn mär eis eisen Picknick gutt schmaachen gelooss. Duerno sinn mär nach e bëssen weider spazéieren gaangen ier mär eis erëm op de Wee fir Heem gemaach hunn.
Publizéiert den 07.06.2019

Sonnepavillon : Bolinhos de Bacalhau

Mär hunn op d' Nofro vun de Kanner eng Aktivitéit mam Kach geplangt, fir zesummen mat him "Bolinhos de Bacalhau" ze kachen. Et war immens flott eng nei Kichen an eng aner Kultur kennen ze léieren. Nom Kachen hunn d’ Kanner sech d’ "Bolinhos de Bacalhau" gutt schmaachen gelooss.
Publizéiert den 31.05.2019