SEA Sonnepavillon
Le service d’éducation et d’accueil Sonnepavillon s’adresse aux enfants de la Sonneschoul.
Contacts
Stéphanie Minocchi, Préposée Jenny Sandini, Préposée adjointe | |
|---|---|
| Cycles 1 - 2.2 | |
| Cycles 3.1 - 4.2 |
Où nous trouver
Service d’Éducation et d’Accueil Sonnepavillon
43, Rue de l’École
L-3385 NOERTZANGE
Ceci est une carte de Google. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Google.
Heures d'ouverture
Période scolaire:
- du lundi au vendredi de 07h00 - 07h40
- les lundis, mercredis et vendredis de 11h45 à 18h30
- les mardis et jeudis de 11h20 à 18h30
Période vacances:
- du lundi au vendredi de 07h00 à 18h30
Nouvelles de notre SEA
Sonnepavillon : Waasser- Bullispiller
Bei den summerlechen Temperaturen hunn mer mat den Kanner flott Waasser- an Bullispiller gemaach fir eis gutt ofzekillen. D ‘Kanner hunn sech bei eng Mauer gestalt an Figuren gemaach a sinn dunn naass gemaach ginn, sou dass flott Biller entstan sinn. Déi aner Kanner hunn an der Waasserkichen eppes Guddes gekacht oder hunn sech am Schlammbad gebuet.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Roboter bauen
An der Vakanz haten d’ Kanner ganz vill Spaass dobäi een alen Computer auserneen ze montéieren an dono aus den eenzelen Stecker den “Speedy” (een Roboter) ze bauen.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Summerfest
Den 11.07.2019 war eist Summerfest zum Thema Mexiko. Et war e ganz flotten Owend an Grouss an Kleng haten vill Spaass.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Kachbuch
Eis Kanner sinn fläisseg um kachen an baken fir hiert eegent Kachbuch opzestellen.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Picknick
D’ Kanner haten vill Spaass dobäi an der fréier Natur ze picknicken an dono an der Wiss ze lafen an ze spillen.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Bastelen an enger Mëttegstonn
An der Mëttegstonn hunn mer mat de Kanner Blummen aus Eeërkartrong gebastelt. D ‘Kanner konnten hirer Fantasie freien Laf loossen an hunn d‘ Faarwen selwer gemëscht. Dobäi sinn ganz schéin Faarwen entstan an d’ Kanner hunn geleiert wéi eng Faarwen mateneen muss gemëscht ginn fir z.B giel oder gréng ze kréien.
![]()
![]()
Al Gemeng : Flott Bastel-Iddiën
Zesumme mat de Kanner aus dem Sonnepavillon hu mer e puer flott Bastel-Iddiën realiséiert déi ganz liicht nozemaache sinn.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Mir bastelen Himmelsdéiercher
Mer hunn Himmelsdéiercher gebastelt. Ech hat den Kanner eng Virlag ginn wéi een et kéint maachen. Si konnten dunn hirer Kreativitéit freien Laf loossen an bastelen wéi et hinnen gefält. Déi eng wollten faarweg an di aner schwaarz Punkten. Dobäi sinn ganz schéin Himmelsdéiercher raus komm.
![]()
![]()
Sonnepavillon : En Dag an der Natur
An der Vakanz waren mär een Dag an d' Natur vun Beetebuerg. Mär hunn eis op d' Sich gemaach no neien a flotten Plazen zu Beetebuerg. Mär sinn dunn an de Bongert beim Bësch gaangen an hunn eis et do gemittlech gemaach. Nodeems mär nach e puer Spiller gemaach hunn, hunn mär eis eisen Picknick gutt schmaachen gelooss. Duerno sinn mär nach e bëssen weider spazéieren gaangen ier mär eis erëm op de Wee fir Heem gemaach hunn.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Bolinhos de Bacalhau
Mär hunn op d' Nofro vun de Kanner eng Aktivitéit mam Kach geplangt, fir zesummen mat him "Bolinhos de Bacalhau" ze kachen. Et war immens flott eng nei Kichen an eng aner Kultur kennen ze léieren. Nom Kachen hunn d’ Kanner sech d’ "Bolinhos de Bacalhau" gutt schmaachen gelooss.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Ee gemittlechen Picknick
Haut de Mëtten hunn mär vun deem schéinen Wieder profitéiert an sinn trëppelen gaangen. Mär hunn no enger gudder Plaz gesicht fir ee Picknick ze maachen. Wéi mär bis eng Plaz fonnt haten hunn mär eis et op der Decken gemittlech gemaach an eis d' Schmieren gutt schmaachen gelooss.
![]()
![]()