Archive de nouvelles
News
Reebou-Pavillon: Mir hunn dem Paul gehöllef seng Valise erem ze fannen
Well eisen Ausfluch fir d’ Schatz Sich esou e groussen Succès hat hunn mir eng bei eis am Reebou-Pavillon organiséiert, des Kéier mat den Spillschouls Kanner
Sonnepavillon : Parc Merveilleux
Mir sinn mam Bus an mam Zuch an den Parc Merveilleux zu Beetebuerg gefuer.
D’ Kanner hunn vill gespillt, si sinn op den Ries geklommen, hunn d’ Déieren bewonnert an konnten d’ Märecher nolauschteren.
Sonnepavillon : Beeforter Schlass
En Freiden huet den Bus eis op Beefort bei d’ Schlass gefouert. Zu Beefort ukomm, huet d’ Chantal op eis gewaart fir eis d’ Schlass kennen ze weisen.
Al Gemeng : Spill an Spass am Haff
Fir vum gudde Wieder ze profitéieren, hunn mir am Haff kleng Geschécklechkeetsspiller organiséiert, bei deenen vill gelaacht gouf.
Sonnepavillon : Schëfflenger Bësch
Mir hunn eis eng gemittlech Plaz am Besch gesicht wou mir d’Natur entdecken, schnitzen, kletteren an spillen konnten.
Reebou-Pavillon: Mir waren an de Monopoler Parc zu Diddeleng
Mir hunn vum schéinen Wieder profitéiert fir en Ausfluch op Diddeleng ze maachen.
Al Gemeng : En Tour duerch de Mëllerdall
De Grupp vum Cycle 2.1-3.1 huet ee flotten Dag am Mëllerdall verbruecht, wou si bei engem flotten Trëppeltour d'Natur an all hiren Facetten entdeckt hunn.
Sportshal: Héichbeeter a Kraiderspiral
Eis Kanner hunn e grousst Interesse un der Natur a këmmeren sech mat eiser Hëllef em d’Kraiderspiral am Schlasspark. Wei si du och Loscht haten eppes Gréisseres ze bauen ass d’Iddie opkomm Héichbeeter ze bauen.
Al Gemeng: Molen mol anescht
D' Schong an Strëmp aus gedoen, d' Box eropgezunn an schonn geet et lass. Mir molen haut mat eisen Féiss.