passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Archive de nouvelles


News

Sportshal: Wanderung duerch den Mëllerdall

Haut si mer de ganzen Dag duerch eist schéint Mëllerdall gewandert.
Publizéiert den 28.05.2019

Sonnepavillon : Ee gemittlechen Picknick

Haut de Mëtten hunn mär vun deem schéinen Wieder profitéiert an sinn trëppelen gaangen. Mär hunn no enger gudder Plaz gesicht fir ee Picknick ze maachen. Wéi mär bis eng Plaz fonnt haten hunn mär eis et op der Decken gemittlech gemaach an eis d' Schmieren gutt schmaachen gelooss.
Publizéiert den 22.05.2019

Al Gemeng : Mir ginn op den Airtramp

Ennert Opsiicht vun eisem geschoulte Personal konnten Kanner sech um Airtramp ausloossen.
Publizéiert den 20.05.2019

Sonnepavillon : Plastilin

D’ Kanner hunn mat ganz vill Gedold een Haus an en Stall aus Plastilin fir hier Playmobil’s Famill mat hieren Deieren gebaut.
Publizéiert den 14.05.2019

Al Gemeng : Schattentheater am SEA

Immer mal was Neues.
Publizéiert den 13.05.2019

Sonnepavillon : Jukeball

Fir gutt Sport kennen ze maachen, gehéiert et sech gutt waarm ze maachen. Dono hunn d' Kanner 2 Équipen gemaach an et geet dorëms op den Knéien an senger Équipe op mannst 3 Passen ze maachen, fir schlussendlech de Ball widdert den Trampolin ze schéissen an eréischt wann déi selwecht Équipe de Ball opgefaangen huet, gëtt et jeeweils 1 Punkt.
D' Équipe, déi als éischt 5 Punkten huet, huet gewonnen.
Publizéiert den 10.05.2019

Sportshal: Dekoratioun vun eisem Kreativraum

Nei Dekoratioun vun de Kanner fir Dier vum Kreativraum

Publizéiert den 10.05.2019

Al Gemeng : Een Nomëtten am Bësch

Soubal déi éicht warm Sonnendeg do waren huet et de Grupp vun de Précoce- an de Spillschoulskanner net méi dobanne gehalen.
Publizéiert den 06.05.2019

Al Gemeng, Sportshal, Reeboupavillon a Sonnepavillon- Scheckiwwerreechung

Kanner hëllefen Kanner
Publizéiert den 06.05.2019

Sonnepavillon : Krea-Eck an der Mëttesstonn

Bastelen mat Eeërskëschten stoung an der Mëttesstonn um Programm
Publizéiert den 03.05.2019

Sportshal: Wierk- a Bauraum

Zenter 2 Wochen ass eise Wierk a Bauraum op.
Publizéiert den 30.04.2019

Al Gemeng : Loftakrobatik

Am Kader vum Zirkusprojet war nirwent dem Jongléieren, dem Eerad-Fueren an dem Diablo-Spillen des Kéier Loftakrobatik un der Reih.
Publizéiert den 29.04.2019