Archive de nouvelles
News
Sonnepavillon : Bastelen an enger Mëttegstonn
An der Mëttegstonn hunn mer mat de Kanner Blummen aus Eeërkartrong gebastelt. D ‘Kanner konnten hirer Fantasie freien Laf loossen an hunn d‘ Faarwen selwer gemëscht. Dobäi sinn ganz schéin Faarwen entstan an d’ Kanner hunn geleiert wéi eng Faarwen mateneen muss gemëscht ginn fir z.B giel oder gréng ze kréien.
![]()
![]()
Sportshal: Bastelen fir Mammendag
Eis Kanner wollten hier Mammen fir Mammendag mat engem flotte Cadeau iwwerraschen.
![]()
![]()
Al Gemeng : Flott Bastel-Iddiën
Zesumme mat de Kanner aus dem Sonnepavillon hu mer e puer flott Bastel-Iddiën realiséiert déi ganz liicht nozemaache sinn.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Mir bastelen Himmelsdéiercher
Mer hunn Himmelsdéiercher gebastelt. Ech hat den Kanner eng Virlag ginn wéi een et kéint maachen. Si konnten dunn hirer Kreativitéit freien Laf loossen an bastelen wéi et hinnen gefält. Déi eng wollten faarweg an di aner schwaarz Punkten. Dobäi sinn ganz schéin Himmelsdéiercher raus komm.
![]()
![]()
Sportshal: Mir bauen een Zeitungsregal
An eisem Wierk-raum hat e Kand Iddi e Regal fir seng Zeitungssammlung ze bauen.
![]()
![]()
Al Gemeng : Selfmade Plasteline
D'Kanner aus dem Spillschoulsgrupp hu selwer Plasteline gemaach an haaten hiere Spaass beim knieden, formen a gestallten.
![]()
![]()
Sonnepavillon : En Dag an der Natur
An der Vakanz waren mär een Dag an d' Natur vun Beetebuerg. Mär hunn eis op d' Sich gemaach no neien a flotten Plazen zu Beetebuerg. Mär sinn dunn an de Bongert beim Bësch gaangen an hunn eis et do gemittlech gemaach. Nodeems mär nach e puer Spiller gemaach hunn, hunn mär eis eisen Picknick gutt schmaachen gelooss. Duerno sinn mär nach e bëssen weider spazéieren gaangen ier mär eis erëm op de Wee fir Heem gemaach hunn.
![]()
![]()
Sportshal: Mir waren am Naturpark Uewersauer
Mer waren an der Päischtvakanz am Naturpark Uewersauer wou mir vill spadséiert sinn
![]()
![]()
Al Gemeng : Op de Spueren vun den Déieren
D'lescht Woch sin d'Kanner aus dem SEA Al Gemeng mat den Educateuren an t'Haus vun der Natur op d'Kockelscheier gefuer fir sech op d'Spueresich vun den Déieren ze maachen.
![]()
![]()
Sonnepavillon : Bolinhos de Bacalhau
Mär hunn op d' Nofro vun de Kanner eng Aktivitéit mam Kach geplangt, fir zesummen mat him "Bolinhos de Bacalhau" ze kachen. Et war immens flott eng nei Kichen an eng aner Kultur kennen ze léieren. Nom Kachen hunn d’ Kanner sech d’ "Bolinhos de Bacalhau" gutt schmaachen gelooss.
![]()
![]()